D’Adele huet sech gréisstendeels aus der Ëffentlechkeet zréck gezunn. No laanger Paus huet hatt sech elo awer via Twitter zréck gemellt.

Ee ganzt Joer hat d’Adele sech net ei senge 27,5 Milliounen Follower gemellt. Elo huet hatt sech mat engem ganz politeschen Tweet zréck gemellt- an zwar huet d’Sängerin hir brittesch Fans dozou opgeruff, sech fir d’Parlamentswalen a Groussbritannien ze registréieren. Den 12. Dezember dierfen d’Britte jo hiren nächste Premier wielen.

D’Fans waren allerdéngs net begeeschtert iwwert dësen Twitter-Comeback. Ënnert dem Tweet weise si sech enttäuscht dass d’Adele näischt iwwer Musek post a froen, wéini dann en neien Album kënnt.