D’Billie Eilish, dat grad eréischt bei den AMA’s ofgeraumt huet, schafft schonn intensiv u sengem zweeten Album.

Dat huet net déi jonk Sängerin selwer verroden, mee säi Brudder a gläichzäiteg och Songwriter a Produzent vum Eilish senge Lidder. Deen zweeten Album soll nach e gutt Stéck méi experimentell ginn.

„Et ginn esou vill Geschichten, déi nach net erzielt goufen“, esou de grousse Brudder Finneas. Hien huet och do nees e grousst Wuert matzeschwätzen: „Deen dee säi Standpunkt bei kreativen Entscheedunge besser vertriede kann huet gewonnen“, esou verréit hie wéi d’Lidder vum Eilish zustane kommen.