Ufank Juni ass nees Zäit fir de Rock am Ring. Elo goufe weider Nimm fir d’Jubiläums-Editioun ugekënnegt.

Scho fir déi 35. Kéier luet de Rock am Ring de Weekend vum 5. Juni 2020 op de Nürburgring an. Elo ass déi nächst Well u Kënschtler verëffentlecht ginn. Dobäi komm sinn ënnert anerem: 3 Doors Down, Jake Bugg, Boys Noize, Genetikk, Don Broco, Dirty Honey, Poppy Kafvka, Donna Missal a Fire From the Gods.

Weider Bands a Kënschtler sinn ënnert anerem: Alter Bridge, Rea Garvey Airbourne esou wéi, Billy Talent, The Offspring a System of a Down.

Gläichzäiteg wäert vum 5. Bis de 7. Juni d‘nächst Joer och „Rock im Park" nees vill Visiteuren unzéien. De Line-Up vum "klenge Brudder" ass deen nämmlechten, feiert awer eréischt säi 25. Gebuertsdag.

Tickete fir de Rock am Ring fannt dir