No engem Concert vum Lewis Capaldi zu Glasgow konnten d’Fans sech op dem Sänger seng Käschte bei enger Bäckerei zerwéieren.

De Lewis Capaldi ass bekannt fir méi ongewéinlech Aktiounen. Nodeems een hien op Tinder „matche“ konnt, fir Concerts-Ticketen ze gewannen, konnte Fans, déi zu Glasgow op sengem Concert waren, gratis Schneekereien ofraumen.

Mam Bracelet, dee beweist, dass ee bei der Show dobäi war, konnt ee bei der Bäckerei-Chaîne „Greggs“ op dem Capaldi seng Käschte sou vill Mëtschen a Séissegkeete frupse wéi ee wollt. Dat bescht dorunner: Hien huet d’Mëtsche selwer verdeelt!