Den Ed Sheeran ass den Nofollger vum Paul McCartney an zwar als brittesche Kënschtler vum Joerzéngt.

Virun 10 Joer haten nëmmen déi mannst schonn eng Kéier eppes vum Ed Sheeran héieren. Haut kennt déi ganz Welt hien.

Den 28-Järege gouf elo vun der „Official Charts Company“ als Kënschtler vum Joerzéngt an de UK ausgezeechent, well hien déi meeschten, nämlech 12, Nummer-1-Hits hat a seng Musek am längste ganz uewen an den Charts stoung.

De Paul McCartney, deen de Präis och scho gewonnen hat, ass souguer op 22 komm.