D’Taylor Swift huet am leschte Joer esou vill Sue verdéngt, wéi keng aner Kënschtlerin a keen anere Kënschtler.

D’Taylor Swift, dat e Freideg seng 30 Joer feiert, ass mat ronn 185 Milliounen US-Dollar, déi Musekerin, déi vu Juni 2018 bis Juni 2019 am meeschte verdéngt huet. Hat huet virun allem vu sengem neie Platten-Kontrakt, Reklammen an natierlech senger „Reputation Tour“ profitéiert. Keng Tour huet an der amerikanescher Museksgeschicht jeemools méi Suen abruecht.

Op der 2 steet mat 150 Milliounen US-Dollar de Kanye West, dee jo mëttlerweil nei musikalesch Weeër geet. An den Ed Sheeran komplettéiert d’Top 3: Hien huet am leschte Joer gutt 110 Milliounen Dollar mat senger Mark a Musek verdéngt.