D’Lena Meyer-Landrut ass net méi Single. Genau wéi d'Sängerin ass och säin neie Partner net aus den däitschen Charts ewechzedenken.

Elo versteet een och firwat d’Sängerin aktuell eng Social Media Paus aleet: D’Lena ass neierdéngs mat kengem anere wéi dem däitsche Sänger Mark Forster zesummen. Déi 2 kenne sech scho laang, ware schonn 2015 bei The Voice Kids an der Jury. Anscheinend si si och scho méi laang eng Koppel, wéi déi däitsch BILD-Zeitung vu Frënn vun der Sängerin verrode krut.

Schonn an engem Highlight-Video iwwert dem Lena seng Only Love Tour 2019 war de Mark Forster kuerz ze gesinn.