Gëschter huet Madame Tussaud's zu Berlin déi neiste Kreatioun virgestallt: Eng Wuess-Versioun vum Nicki Minaj. An déi suergt elo fir entsate Gesiichter.

De Wuess-Musée Madame Tussaud’s huet um Dënschde gewisen, wéi een et net soll maachen. D’Zil dem Original ze gläichen ass bei der Wuessfigur vum Nicki Minaj nämlech verfeelt ginn. Den Hauttoun wier net dee richtegen, wéi Fans op Twitter ze bekloen hunn.

Virun allem suergt d’Gesiicht awer fir grouss Diskussiounen op Social Media. Dat hätt nämlech net vill mat deem vun der 37-järeger Sängerin ze dinn, esou seng treisten Ënnerstëtzer - an déi mussen et schliisslech wëssen.

Nogestallt gouf iwwregens eng Zeen aus dem Museksvideo vun "Anaconda". Deemno ass d'Nicki Minaj a sexy Pos ze gesinn - e puer User no e Mangel u Respekt.