Mat nëmme 26 Joer ass de Mac Miller gestuerwen. Ronn annerhallef Joer no sengem Doud soll elo en éischte posthumen Album vum Rapper erauskommen.

Schonn de 17. Januar soll deen éischten Album nom Doud vum Mac Miller op de Marché kommen, wéi seng Famill an engem emotionale Statement um Instagram-Account vum verstuerwene Rapper matgedeelt huet.

Deemno wier de Miller kuerz virun deem hien de 7. September 2018 en déidleche Cocktail aus Drogen, Medikamenter an Alkohol zou sech geholl huet dobäi gewiescht sinn e Begleet-Album mam Numm Circles ze produzéieren. Hëllef krut hien deemools vum Produzent Jon Brion, deen den Album dunn eleng finaliséiert huet.

View this post on Instagram

Circles. January 17.

A post shared by Mac (@macmiller) on