De 26. Januar ginn zu Los Angeles fir di 62. Kéier d'Grammy Awards verginn.

Lauschtert eran!

Kacey Musgraves “Golden Hour” Album Of The Year, “This Is America” vum Childish Gambino Record a Song Of The Year an d’Dua Lipa Best New Artist – dat ware graff resuméiert d’Grammys 2019.

Stars um rouden Teppech an Tréine bei der Iwwerreechung vun deem bedeitendste Präis am Musek-Business ginn et awer och dëst Joer erëm. De 26. Januar ginn am Staples Center zu Los Angeles scho fir di 62. Kéier d’Grammys verginn. Genee ewéi d’lescht Joer heescht d’Presentatrice vum Owend Alicia Keys – an der Geschicht vun de Grammys iwweregens eréischt di drëtt Fra, déi de Public duerch den Owend féiert.

Live op der Bün performe wäerten nieft dem Lizzo an dem Billie Eilish och d’Gwen Stefani an de Blake Shelton. Di zwee sinn zanter 2015 eng Koppel a presentéiere bei de Grammys ganz warscheinlech hire gemeinsame Song “Nobody But You”. Donieft ass och scho confirméiert, datt di amerikanesch Rock-Band Aerosmith e Medley aus hire Greatest-Hits spille wäert.

Dat wichtegst zum Schluss: d’Nominéierungen.
Am meeschte Chancen op e Grammy huet dëst Joer d’Lizzo mat ganzer 8 Nominéierungen, ënnert anerem ass hat an deene véier Haapt-Kategorien Record, Album a Song Of The Year a Best New Artist nominéiert. Donieft hunn och nach d’Billie Eilish an de Rapper Lil Nas X gutt Chancen e Präis ze gewannen, si sinn am Ganze 6 Mol nominéiert.