D’Red Hot Chili Peppers schaffen un engem neien Album - deen éischten zanter deem den John Frusciante nees mat dobäi ass.

Den Drummer vun der amerikanescher Band, den Chad Smith, huet dem Rolling Stone Magazine verroden, dass un engem neien Album geschafft gëtt. An dat kéinten änlech Hits ginn, wéi deemools Californication a Snow. Dat läit dorun, dass de Gittarist John Frusciante, deen déi Songs deemools geschriwwen huet, zanter kuerzem erëm Deel vun der Band ass. Dee leschten Album mat him zesumme war „Stadium Arcadium“ am Joer 2006.

D’Red Hot Chili Peppers hunn 2020 bis op e puer Festival-Optrëtter e fräie Kalenner. Dat well d’Band sech komplett op nei Musek konzentréiere wëll. E Release-Datum fir den neien Album gouf awer net genannt. Och ob en nach dëst Joer erauskënnt, steet net fest.