Eng bombastesch Zuel: D’US-Museksindustrie huet 2019 fir eng éischte Kéier 1 Billioun Streams geknackt.

Wéi d‘Maartfuerschungsinstitut Nielsen a sengem Joresrapport schreift, gouf an den USA am leschte Joer fir eng alleréischte Kéier méi wéi 1 Billioun mol Musek gestreamt. Ganzer 1,15 Billioune mol goufen Audio- a Museksvideoe gestreamt. Dat sinn 29,3 Prozent méi wéi am Joer virdrun.

Old Town Road vum Lil Nas X ass mat 2,5 Milliarde Streams dee meescht gestreamte Song vum Joer 2019.