Coldplay waert aus ekologesche Grënn net op Tour goen. Silbermond fannen dës Mesuren iwwerdriwwen.

Déi däitsch Band Silbermond huet sech am Kader vun der Tour-Ofso vu Coldplay zu Wuert gemellt. Se ganz ofzesoe wier iwwerdriwwen, esou déi däitsch ëm d'Sängerin Stefanie Kloß.

Wärend Coldplay net méi op Tour gi bis dat klimaneutral méiglech ass, réit Silbermond hinnen einfach op verschidden Elementer ze verzichten an net komplett drop ze verzichten.

Coldplay si bekannt fir vill Konfetti, Loftballonen a Pyrotechnik - Silbermond no muss eng Show awer net pompös sinn, mee éierlech. Amplaz komplett op eng Tour ze verzichten, wäerte Silbermond op iwwerflësseg Camione mat Bünendekoratioun an iwwerflëssegem Knascht verzichten. Eventuell lauschtert déi grouss international Band jo op hier e bësse manner prominent Branche-Kolleegen.