D'Cardi B wëll sech net nëmmen duerch seng Musek ausdrécken. Och politesch wëll hat seng Meenung matdeelen.

Déi bekannte Rapperin Cardi B äussert säin Interessi fir Politik. Hat seet "Ech mengen ech wëll Politikerin ginn. Ech hunn d’Regierung wierklech gär obwuel ech net d’Accord mat hir sinn."

Weider heescht et, dass säin Interessi duerch e Krich-Documentaire entstanen ass.

Hat wëll an den nächsten Deeg e Video op Twitter eroplueden, an deem hatt seng Virstellunge méi konkret erkläert. D'Cardi B als nächst Presidentin? Fir vill Leit op alle Fall kee méi schlechte Choix wéi den aktuellen US-President.