Bei de Brit Awards gouf elo endlech verroden, wéi eng Kënschtler a wéi enger Kategorie untrieden.

All Joer fannen déi wichteg Brit Awards an de UK statt. Dëst Joer sinn d'Brit Awards den 18. Februar an England. E bësse méi wéi e Mount virdrun, steet zanter e Méinde fest, wéi eng Kënschtler an de verschiddene Kategorien nominéiert goufen.

Bei de männleche Museker goufen ënner anerem den Harry Styles, de Lewis Capaldi an de Stormzy nominéiert. Allen 3 hu se 2019 e grousse Sprong gemaach.

Bei de Fraen hu sech ganz besonnesch zwou Kënschtlerinne behaapt. Dat wier op där enger Säit d'Freya Ridings, ma och d'Mabel huet säin Duerchbroch gepackt.

Bei de Bands sinn et ënner anerem Coldplay, déi am November e ganz neien Album erausbruecht hunn, ma och Bastille a Bring Me The Horizon, déi nominéiert goufen.

Och wat den Album vum Joer ugeet, steet den Harry Styles an der Lëscht vun den Nominéierten. Mat "Fine Line" ass him e flotten Album gelongen. An och de Lewis Capaldi ass hei mat "Divinely Uninspired to a Hellish Extent" eng 2. Kéier vertrueden.

Och net-brittesch Kënschtler ginn ausgezeechent: Dëst Joer hu bei de Fraen d'Ariana Grande, d'Billie Eilish, d'Camila Cabello, d'Lizzo, d'Cance op en Award. Bei de Männer sinn et ënner anerem den Dermot Kennedy an de Post Malone.