Beim Billie Eilish freet ee sech wéi hat 2019 nach toppe kann. Wéi wier et mam Soundtrack fir den neien James Bond?

Den US-Popstar Billie Eilish wäert den Titel-Song fir den nächsten James-Bond-Film "No Time to Die" sangen. Déi 18 Joer al Sängerin ass déi jéngste Musekerin, déi jeemols een James Bond Song geschriwwen an opgeholl huet, heescht et vun de Film-Produzenten op Twitter. Si huet de Song zesumme mat hirem Brudder geschriwwen. Den neien James Bond Film kënnt am Abrëll an de Kino.