Mat "Yikes" ass de Freideg eng nei Single vun der Rapperin released ginn!

De Freideg, de 7. Februar 2020, huet d'Nicki Minaj seng nei Single "Yikes" erausbruecht. Eng Mëschung aus Rap an Emotioun soll d’Fans hei iwwerzeegen. Ma wéi d’Rapperin awer elo bekannt ginn huet, wollt hatt d’Single nach net verëffentlechen.

D'Musekerin benotzt d’Wuert "Mobbing" fir ze beschreiwen, wéi säi Label soll mat him ëmgaange sinn. Et hätt sech zum Schluss esouguer gezwonge gefillt hunn, d’Single séier fäerdeg ze kréien an ze publizéieren.

Och wann d'Lidd "Yikes" vill Erfolleg huet, ass et enorm ëmstridden. Wéi hatt awer op sengem Instagram schreift, ass him d’Kritik egal.