D'Oscar-Iwwerreechung 2020 stoung ganz am Zeeche vun der Musek

Vill Kënschtler, déi ee Gesangsoptrëtt bei den Oscaren haten,  goufen am Virfeld schonn annoncéiert. Fir Iwwerraschung huet awer den Eminem gesuergt, deen ass nämlech ganz onerwaart mat engem vu senge bekanntste Lidder, "Lose yourself" opgetrueden.

Ma och d’Billie Eilish huet d’Publikum iwwerrascht. Mat engem Cover vu "Yesterday", ursprénglech vun de Beatles, huet d’Billie Eilish de Public beréiert. Säi Brudder huet d’Lidd um Piano begleet. Mat enger, wéi et fir d'Tribute-Segment "In Memoriam" üblech ass, hunn déi Zwee hei iwwerzeegt. Beim "In Memoriam" Deel vum Owend, gëtt ëmmer un déi verstuerwe Kënschtler erënnert.