Zanter 2016 huet d’Rihanna keen neien Album publizéiert, elo schafft hatt mat "Starbesetzung" um 7ten Album.

Nom Album "Anti" aus dem Joer 2016 ass et roueg em d’Rihanna ginn. No 4 Joer kreativer Paus an där hatt sech virun allem am Beräich vun der Beauty ausgelieft huet,  soll elo de 7ten Album opgeholl ginn. D’Fans kënnen sech een Album am Reggae- an Dancehall-Style erwaarden.

An engem Interview gouf d’Rihanna gefrot wat hatt op Vältesdag géif maachen. Doropshin huet hatt annoncéiert, dass hatt de 14te Februar zesumme mam Pharell Williams am Studio wäert stoen.