De U2-Sänger setzt sech fir eng besser Bildung vu Meedercher weltwäit an.

Den iresche Museker Bono vu U2 mécht sech bei de Vereenten Natiounen fir eng besser Bildung vu Meedercher staark. De Sänger huet bei de Vereenten Natioune méi Asaz fir eng besser Bildung vu Meedercher weltwäit gefuerdert. Zesumme mat der fréierer irescher Presidentin Robinson huet hien zu New York eng nei Campagne presentéiert. Ronn 130 Millioune Meedercher weltwäit géingen aktuell net an d’Schoul goen. Länner weltwäit ginn opgeruff, eng gratis Schoulausbildung vun 12 Joer fir jiddereen ze garantéieren.