Laang gouf spekuléiert wéini de neien Theme-Song vum neie Bond Film eraus kennt. De 14. Februar war et endlech esou wäit.

Am Ufank vum Joer gouf annoncéiert, dass déi 18 Joer Jonk Sängerin, Billie Eilish, den neien Titelsong zum Bond-Film sange wäert. Domat ass hatt déi jéngste Sängerin, déi jee ee Bond-Song gesongen huet. En éischten Extrait vum Lidd gouf et schonn den 12. Februar op der Instagram Säit vun der Kënschtlerin, ee kuerzen,  just puer Sekonne laange Clip, an deem déi éischt Takter vum Lidd mat Pianomelodie ze héiere sinn, huet de Style vum Lidd verroden.

Um 14. Februar gouf d' Lidd elo endlech ganz verëffentlecht. Lues Téin an eng ganz douce Stëmm féieren duerch den Track. D'Lidd ass ganz am Billie Eilish Style ouni awer aus der Rei vun de fréiere Bond-Hits ze danzen.