De Frontsänger vu Rammstein, tourt de Moment mat engem Soloprojet duerch Europa. Um éischte Concert vun dëser Tour suergt hien direkt fir grouss Opreegung.

Den Till Lindemann ass bekannt fir Skandaler a skurril Optrëtter. Zu Hannover um Concert huet hien awer souguer seng vill gewinnte Fans entsat. Beim Lidd “Fish on” hat de Sänger ee klengen Dësch em de Bauch hänken, vun deem huet hien doudeg Fësch geholl, dës an zwee Deeler geschnidden an an d’Publikum geheit. Positiv ass hien domat net ukomm.