No Rage Against the Machine hunn d'Organisateure vum Lollapalooza Festival zu Berlin nei Acts presentéiert!

De 5. a 6. September geet de Lollapalooza zu Berlin an di 6. Ronn. De Festival, deen zu deene gréissten an Europa gehéiert, konnt lescht Joer iwwer 100.000 Visiteuren an de Berliner Olympiapark lackelen an huet elo weider Acts publizéiert. Dorënner si bekannten Nimm ewéi Miley Cyrus, AnnenMayKantereit, Deichkind, DJ Snake, Alice Merton a Mabel.

De Ganze Line-Up an Ticketen fannt Dir um Site vum Festival!