Aus gesondheetleche Grënn huet de Sänger misse seng Tour duerch Nord-Amerika ofsoen!

Nodeems den Ozzy Osbourne schonn d’lescht Joer sämtlech Optrëtter wéinst enger OP huet missen annuléieren, huet hien dann och elo seng Tour duerch Nord-Amerika wéinst senger Gesondheet ofgesot. De Sänger ass jo u Parkinson erkrankt a muss dowéinst vun Abrëll un 6 bis 8 Woche laang an eng Kuer an d’Schwäiz.

An engem Facebook-Post huet den Osbourne erkläert, datt hie keng Tour starten wëll, déi hien net fäerdeg spille kann, well dëst onfair vis-à-vis vu senge Fans wier. Di europäesch Fans brauche sech awer keng Suergen ze maachen. D’Europa-Tour, déi den 23. Oktober zu Newcastle an England start, ass net betraff.

Dëse Freiden kënnt dem Ozzy Osbourne säin 21. Album mam Titel “Ordinary Man” eraus, op deem och ënnert anerem den Elton John an de Post Malone ze héiere sinn.