E Freiden Owend wier zu Amsterdam den Tour-Optakt gewiescht...

Aus gesondheetleche Grënn huet d'Lana Del Rey seng ganz Europa-Tournée missen ofsoen - d'Sängerin huet keng Stëmm méi a krut vum Dokter 4 Woche Paus verschriwwen. Betraff sinn och ënnert anerem d'Concerten den 2. Mäerz an der Mercedes-Benz Arena zu Berlin an den 3. Mäerz an der Lanxess Arena zu Köln. D'Tickete kann een op de jeeweilege Virverkafs-Plazen zréck ginn.

Am August d'lescht Joer hat d'Lana Del Rey säin aktuellen Album "Norman Fucking Rockwell" erausbruecht.

Lana Del Rey - offziellt Statement:
Sorry to let everyone down so last minute but this illness has taken me by surprise and have totally lost my singing voice. Dr has advised 4 weeks off for the moment. I hate to let everyone down but I need to get well. Love Lana