"Take On Me" huet 1 Milliard Klicks erreecht!

Ob "Take On Me" esou dacks geklickt ginn ass fir deen héijen Toun am Refrain ze üben oder well et einfach e gudde Song ass, dat wäert ee wuel ni gewuer ginn. Dat wat zielt: a-ha hu mat enger vun deene gréissten Hymnen aus den 80er Joren d'Schallmauer vun enger Milliard Klicks op YouTube duerchbrach. Domat sinn d'Norweger elo an engem ganz exklusive Krees ukomm, an deen nëmme ganz wéineg Kënschtler virstoussen.

Nieft "Take On Me" vun a-ha hunn och nach ënnert anerem "Bohemian Rhapsody" vu Queen oder "Sweet Child O'Mine" vun de Guns N'Roses d'Milliarde-Mark op YouTube geknackt. Deen erfollegräichste Video vun allen Zäiten ass iwweregens "Despacito" vum Luis Fonsi an Daddy Yankee mat iwwer 6 Milliarde Klicks.

"Take On Me" war d'Debut-Single vun a-ha, mat där si et a 36 Länner op d'1 an den Charts gepackt haten.

Lauschtert hei de Reportage