Den amerikanesche Museker ass an de Verwaltungsrot vun der Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn!

En Donneschden huet d'Rock and Roll Hall of Fame Foundation annoncéiert, datt si 5 nei Memberen an hiert Board of Directors opgeholl hunn. Nieft véier héijen Déieren aus grousse Placke-Firmaen ass dorënner och de Pharrell Williams. 2013 ass hien duerch säin Hit "Happy" als Solo-Kënschtler bekannt ginn, virun allem ass hien awer als Produzent aktiv.

Zesumme mat senge Kolleegen aus dem Board of Directors wäert de Pharrell Williams dann an Zukunft bestëmmen, wéi eng Kënschtler an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. Dëst Joer fënnt d'Zeremonie samschdes den 2. Mee am Public Auditorium zu Cleveland statt - geéiert ginn ënnert anerem d'Whitney Houston, Depeche Mode oder Nine Inch Nails.