Coldplay hu ganz iwwerraschend op Apple Music eng nei Akustik-EP eraus bruecht.

Exklusiv op Apple Music huet di brittesch Band ënnert dem Titel Coldplay: Reimagined“ eng Akustik-EP mat 3 Lidder eraus bruecht. 3 Titele vun hirem leschten Album goufen deemno nei als Akustik-Versioun arrangéiert, an zwar sinn dat „Broken“, „Champion of the world“ an „Cry cry cry“.

Zu der EP gehéiert ausserdeem ee Video vun 9 Minutten. Hei fënnt ee Interviewen mam Sänger Chris Martin a mam Gittarist Jonny Buckland, grad wéi eng Demonstratioun vun hirer Aarbecht am Studio.