Ganz frou ass de Moment d’Dua Lipa. D’Sängerin huet nämlech grad ee Rekord op Spotify opgestallt.

Dem Dua Lipa seng Hitsingle "New Rule" gouf deemno bis ewell méi wéi 1,3 Milliarde Mol op Spotify gestreamt. Domat ass et dee meescht gestreamte Solo-Titel vun enger weiblecher Sängerin an der Geschicht vun der Plattform. D’Dua Lipa selwer huet des Nouvelle an senger Instagram Story gedeelt a schreift: "Dat ass komplett verréckt!"

D’Single „New Rule“ staamt vum Dua Lipa sengem Debutalbum vun 2017. Mëttlerweil huet d’Sängerin schonn hiren 2. Album an der Pipeline. Ënnert dem Titel "Future Nostalgia" soll den Album den 3. Abrëll eraus kommen.