Am Oktober an November ass The Weeknd live zu Berlin, München, Hamburg a Köln ze gesinn. 

Eréischt vru kuerzem huet hien bekannt ginn, dass den 20. Mäerz säin neien Album „After Hours“ eraus kënnt. Elo kënnt eng wieder gutt Nouvelle fir d‘Fans. Mat sengem neien Album geet The Weeknd och op grouss Tour. Ugekënnegt ass eng vun de modernste Produktiounen mat engem innovativen LED- a Videokonzept.

Geplangt si bis ewell 57 Concerten an den USA, Kanada, Groussbritannien, Frankräich, Holland, Belsch an Däitschland.  De kanadesche Sänger spillt ënner anerem den 9. November an der LANXESS ARENA zu Köln. De Virverkaf fänkt den 28. Februar un.

The Weeknd live 2020: 

Do. 29.10.2020 Berlin – Mercedes-Benz Arena

Sa. 31.10.2020 München – Olympiahalle

So. 08.11.2020 Hamburg – Barclaycard Arena

Mo. 09.11.2020 Köln – LANXESS arena