De 27. Juni ass schonn di 4. Editioun vum Siren's Call Festival am Stater Gronn.

Nodeems Enn Januar schonn d'Foals an Nothing But Thieves als Headliner ugekënnegt gi waren, hunn d'Organisateure vum Siren's Call Festival dëse Méinden de Rescht vum Line-Up bekannt ginn. De 27. Juni spillen deemno och ënnert anerem di däitsch Band Friedberg an di englesch Newcomerin Georgia live am Stater Gronn!

Natierlech trieden och erëm lëtzebuerger Kënschtler um Festival op, dëst Joer sinn dat den Chaild an d'Charlotte Bridge. Nieft der Musek ginn um Siren's Call och nach Expoen, Danz a Workshoppen ugebueden.

De komplette Programm vum Siren's Call an Ticketen fannt dir um Site vum Festival!