Am Kader vum March Madness Music Festival zu Atlanta, trieden ënnert anerem d'Taylor Swift an d'Halsey op.

Nodeems d’Taylor Swift an d’Halsey lescht Joer schonn zesummen op den American Music Awards opgetruede sinn, kommen se dann dëst Joer allen zwee op d'Capital One JamFest, Deel vun den 2020 NCAA March Madness Music Festival zu Atlanta.

Dëse Festival encadréiert de March Madness, ee grousse Basketball-Tournoi deen all Joer ausgedroe gëtt. Dozou kennt dann och d’Tayla Parx, wat deen éischte Line-up mat nëmme Frae fir de Final Four weekend concert bedeit. Den Trio trëtt de 5. Abrëll am Atlanta Centennial Olympic Park op. Dem NCAA no wäert dësen Optrëtt deen eenzege vum Taylor Swift nieft sengen Toure Lover Fest West a Lover Fest East sinn. Leit déi eng CapitalOne Kaart besetze kennen ab dem 4. Mäerz um 3 Auer eiser Zäit gratis Tickete bestellen, de breede Public da réischt de 5. Mäerz um 3 Auer eiser Zäit. Hei gëllt de First come first serve Prinzip.

D'Halsey kënnt iwwregens och de 4. Mäerz an d'Rockhal.