Des Kéier ass d'Fro net: "How much is the fish", mee wéini genee kréien d'Techno-Fans nees eppes op d'Oueren? Dem H.P. Baxxter no schonn an e puer Wochen!

"God saves the Rave" mat ënnert anerem dësem Message, huet den H.P. Baxxter sech op Instagram zeréck gemellt.
Am Video erklärt de Baxxter wéi et an deene nächste Woche wäert weider goen bei der Techno-Kult-Band.

View this post on Instagram

And now the news...

A post shared by H.P. Baxxter (@hpbaxxterofficial) on

Deemno wäert et eemol Enn Mee eng nei Single ze héiere ginn. An dann wäerten duerno mindestens nach zwou weider Singelen erauskommen. A fir d'Kiischt op de Kuch, dierft dann ee kompletten Album suergen, deen och deemnächst sollt kommen. Dëse soll, wéi den H.P. et ausgedréckt huet dann des Kéier "komplett aus Singles bestoen" an ee "Meilenstein der Musikhistorie" ginn.