Nodeems am März "Murder Most Foul" erauskoum, huet de Bob Dylan weider gewisen wéi aktiv en an der lescht war. Elo soll dann och een Album kommen.

"Murder Most Foul" war déi éischt eege Single vum Bob Dylan, déi en an deene leschten 8 Joer erausbruecht huet. Kuerz duerno koum nach eng weider Single eraus, an elo dann um 8. Mee nach eng drëtt. Dës nennt sech "False Prophet"

An d’Fans vum Nobelpräisträger dierfe sech weider freeën: zesumme mat der neier Single, huet de Bob Dylan ugekënnegt, dass ee ganzen Album nokënnt. Den 19. Juni gëtt et dann "Rough and Rowdy Ways" ze kafen.