Et muss net ëmmer Musek sinn, déi een als Rapper eraus bréngt. De Capital Bra probéiert sech zum Beispill elo als Pizzaiolo.

Méi haart a méi hot wéi all déi aner Pizzaen am Tiefkühlregal?
Sou ongeféier ass op mannst d'Versprieche vum däitsche Rapper Capital Bra .

Et dierft wuel effektiv déi éischt Mark vun Tiefkühlpizza an Däitschland sinn, déi vun engem Rapper an d'Liewe geruff gouf. De "Capi" gehéiert zu den erfollegräichsten Hip-Hop-Artisten an der däitscher Musek-Zeen. Mat sengen zwou Zorte Pizza "Rindersalami" a "Grillgemüse" schéngt de Museker mat ukrainesche Wuerzelen elo och eng Nische fir sech entdeckt ze hunn. Verkaf gëtt seng Pizza ënnert der Mark "Gangsterella", esou wéi sech dat fir een haarde Rapper och gehéiert.

Donieft huet de "Bratan" dann och nach fir seng Pizza-Mark direkt een eegenen Instagram-Account gemaach. Wéi een dat eeben hautdesdaags mécht.