D'Fans vun der Sängerin dierfe sech also nach an deenen nächste Méint op nei Musek freeën. Ma souguer schonn des Woch, kritt een Neies ze héieren.

D'Katy Perry huet elo annoncéiert, dass säi fënneften Album sécher dëst Joer eraus kënnt. Egal ob dat dann an der Quarantäne ass oder net. D’Katy ass nämlech der Meenung, dass op mannst a Kalifornien, wéi warscheinlech och op soss ville Plazen an der Welt, nach eng länger Zäit näischt esou wäert lafe wéi virdrun. An dofir wéilt hatt net waarden, bis alles nees „normal“ ass fir senge Fans nei Musek ze liwweren. Well och doheem kéint een danzen esou d'Sängerin.

D'Fans vum Katy kënne sech dann awer och elo scho freeën. Eemol kënnt de 15. Mee d'Lead-Single vum Album eraus, déi sech "Daisies" nennt. D'Single ass optimistesch, a befaasst sech domat, dass och déi onwarscheinlechst Dreem kënne Realitéit ginn.

Passend dozou huet d’Katy Perry dann och ee virtuelle Blummen-Déngscht erschaf dee sech "Katy’s Daisies" nennt, a bei dem een enger Persoun ee virtuelle Blumme-Bouquet ka schenken an esou Merci soen, oder soss ee léiwe Message weiderginn.