Si sangen net einfach just dovun, dass ee soll frëndlech matenee sinn, mee setzen et och ëm.

Dem Marshmello an dem Halsey hir Single "Be Kind" ass elo e bësse méi wéi eng Woch dobaussen. A wéi et schéngt, wëllen se dee Message net nëmmen an hirem Lidd weiderginn, mee och an der Realitéit ëmsetzen.

Dofir hunn déi zwee Museker sech elo mam amerikanesche Liwwerdéngscht "Postmates" zesummegesat, fir de Livreuren ee klenge Merci ze ginn. Dofir hu si d'Zomm vun 100'000 US-Dollar u Postmates weiderginn. An d'Leit déi bei der App bestellen, kënnen dann och selwer decidéiere fir Merci ze soen. Mam Code "BeKind" kréien eemol d'Leit déi bestellen eng Reduktioun vu 5 Dollar, an d'Livreure kréien een zousätzlecht Drénkgeld vun 10 Dollar.

Emol eng aner Aart a Weis, fir duerch Iesse frou ze ginn!