An dat natierlech alles fir de gudden Zweck. Bei dem heiten Event, goung et drëms de New Yorker ze hëllefen, déi schwéier vun der Kris getraff goufen.

Et ass zwar definitiv net deen éischten Telethon deen zanter der Coroanakris an den USA ofgehale gouf, mee dat huet d'Leit wéi et schéngt awer net demotivéiert fir ze spenden.

Wärend enger Stonn ass den Event "Rise Up New York" gelaf a gouf vun der Schauspillerin a Comedian Tina Fey moderéiert. Am Laf vun dëser Stonn hu vill Prominenter aus ganz verschiddene Beräicher sech era gemellt an ee Message weiderginn un d'New Yorker an d'Leit an den USA, oder och emol eppes gesongen. Mat dobäi waren d'Alicia Keys, d'Mariah Carey, de Billy Joel, de Robert De Niro, wéi och Broadway-Stars an nach vill méi.

Zanter dem Ufank vun der Coronakris si bal 15'000 Persounen eleng zu New York un de Suitte vum Coronavirus gestuerwen. Zum Schluss vun der Sendung stoung den Total herno bei 115 Milliounen Dollar, déi eemol natierlech duerch d’Spende vum Event zesummekoumen, mee och duerch Donen déi d’Organisatioun "Robin Hood" zanter Mäerz konnt sammelen.