Duerch seng immens ëffentlech Diskussioun mat der Popsängerin, hätt de Musek-Mogul elo erkannt, dass d'Politik net déi richteg Plaz fir hie wier.

De Scooter Braun hat eigentlech fir sech bei der d'Gouverneur-Wal a Kalifornien opzestellen. Dat hat de Produzent an engem Interview mat der Vanity Fair verroden. Ma dat war awer ier dee ganze Sträit mam Taylor Swift lassgaangen ass.

De Scooter Braun hat jo de "Big Machine Laber Group" opkaaft, zu dem d'Taylor Swift soss gehéiert huet. An domat, ass de Scooter Braun dunn och Besëtzer gi vun de "Masterrecords" vun all de Alben, déi d'Taylor Swift bis dohi produzéiert hat. Kuerz gefaasst: hie kann domat maache wat e wëll, an d'Taylor net. Dat huet der Sängerin awer net gefall, an d'Taylor huet doropshin déi ganz Affär an d'Ëffentlechkeet gezunn.

Am Interview mat der GQ, huet de Scooter du verroden, dass seng Ofneigung fir d'Politik doduerch komm wier, well "eng Persoun déi hien net weider géif kennen eng Affär public gemaach huet, ouni mat him perséinlech iwwert de Problem ze schwätzen" Domat huet en zwar d'Taylor Swift net perséinlech genannt, mee et ass kloer wéi eng "Persoun" en do mengt. Duerch déi ganz Affär krut de Scooter Braun a seng Famill och Morddreeungen. Eng Erfarung, déi dem Scooter net gefall huet, well en och nach jonk Kanner huet.

Hie wier sech doduerch bewosst ginn, dass Politik näischt fir hien ass, an hie virun allem seng Kanner net esou engem Risiko aussetze wéilt.