Et mussen net ëmmer grouss Stare sinn, déi een als Feature um Album dobäi huet. Heiansdo huet ee wat ee brauch schonn doheem!

An engem Interview mam People Magazine, huet déi amerikanesch Sängerin iwwert säin neien Album geschwat. Eng éischt Single " I Dare You" ass jo schonn dobaussen. Do hat d'Kelly Clarkson sech eppes e bësse méi Spezielles ausgeduecht, an d'Lidd direkt an e puer Sproochen opgeholl, zesumme mat fënnef Sänger ronderëm d'Welt.

Ma dat soll dann awer net deen eenzegen, liicht ongewéinleche Feature sinn. D'Kelly huet nämlech erzielt, dass säi Meedchen, d'River, einfach an de Studio doheem marschéiert ass, wéi d'Sängerin "I Dare You" an nach een anert Lidd opgeholl huet. Kuerzerhand huet dat klengt Meedche vu fënnef Joer sech an d'Kabinn gesat, an direkt lass gesongen. Dat gouf natierlech alles opgeholl. Wéi d'Kelly sot, wier et also gutt méiglech, dass een d'River dann op engem Lidd ze héiere kritt.

Am Allgemenge wier dat Klengt immens motivéiert, a géif dat och net ëmmer ganz gutt fannen, dass jidderee just seng Mamm well sangen héieren a fotograféieren, mee net hatt.