Elo verlaangen d'Hacker dann eng héich Zomm fir d'Donnée vun de bekannte Clienten net weider ze verëffentlechen.

D'Affekoten-Etüd "Grubman Shire Meiselas & Sacks" vertrëtt net egal wien, mee wierklech d'Crème de la Crème. Do sinn Museker wéi d'Lady Gaga, Drake, The Weeknd oder och U2 dobäi. Mee och Promien aus anere Branche wéi zum Beispill de Robert De Niro oder de LeBron James sinn do Client.

D'Hacker sollen eng 756 Gigabyte u sensibelen Informatiounen an Daten vun der Etüd geklaut hunn. Esou soll schonn de Kontrakt vum Madonna senger Welttournee gepost gi sinn. Déi Kriminell dreeën dann och, dass weider sensibel Date geleaked ginn, sollten d'Affekote vu GSM d'Léisegeld net bezuelen. An d'Hacker hunn och schonn hire Präis genannt: 21 Milliounen Dollar verlaange si am Austausch fir d'Donnéen.

Dëser Demande wëll ee bei Grubman awer net noginn. An engem Statement huet d'Etüd da matgedeelt, dass si effektiv gehacked goufen an, dass se mat de "weltbeschte Spezialisten zesummeschaffenfir eng Léisung ze fannen.
Wéi een Hackergrupp dofir responsabel ass, soll och scho gewosst sinn. Als "REvil" oder "Sodinokibi" ass de Grupp bekannt, déi och schonn HBO oder den Texaneschen Geriichtsystem attackéiert haten.