Nodeems d'Queen of Pop sech seng Madame X Tour misst ofbriechen duerch Verletzungen soll et no der Operatioun besser gi fir nees duerch ze starten.

Och d'Madonna spiert no an no den Alter. Mat 61 Joer ass een nun emol net méi esou jonk wéi soss. Fir seng Madame X Tour wollt d'Madonna awer nees alles ginn. Dobäi huet d'Sängerin sech awer verletzt, a Concerte missten ofgesot ginn.

Elo profitéiert d'Madonna da vun der aktueller Situatioun, well jo bal näischt geschitt an et virun allem net weider danze muss. A geet ënnert d'Messer. Et soll dann ee Stéck Knorpel agesat gi fir ze garantéieren, dass d'Queen of Pop nees weider danze kann.

Matgedeelt huet d'Sängerin den Agrëff via Instagram andeems et Fotoe vu sech a ganz knappen Outfits gewisen huet. An der Caption huet et dobäi geschriwwen, dass et am léifste géif vu Freed op- an ofsprangen, mee dat mat sénger Péng leider net geet.

Do ass dann awer och nach eng aner Diskussioun nees opkomm. Zanter enger Zäit froe sech d'Fans, op dem Madonna säin Hënner wierklech duerch Training méi déck ginn ass, oder ob do net awer nach de Chirurg e bësse nogehollef huet...