No der Coronakris wäert villes ganz anescht si wéi virdrun. An dat wäert wuel och de Fall si bei de Concerten. Experte rode vu verschiddenen Aktiounen of.

Op Concerten a Festivale goen, bedeit fir vill Leit net nëmmen do stoen a Musek lauschteren. Et ass dacks vill méi een Erliefnis, un dat ee sech ëmmer nees gären zeréck erënnert. An do gehéieren och verschidden Aktivitéiten dozou vun de Fans, mee och vun de Kënschtler. An dat kéint no der Coronakris effektiv ganz anescht ausgesinn.

Déi brittesch Event Safety Alliance, kuerz ESA huet een neie Guide erausginn, wéi d'Concerten an och d'Festivalen op der Insel an Zukunft sollen oflafen, fir d'Sécherheet vun de Fans, mee och de Leit déi um Site schaffen ze garantéieren. An do ass och elo de Moshpit oder och d'Crowdsurfe verbuede ginn.

Natierlech ass et logesch, dass een an Zukunft net onbedingt soll vun lauter hondsfrieme Leit ugepak ginn, wéi et bei Crowdsurfing de Fall ass. Dat bedeit awer och, dass d'Concerte an Zukunft vill manner Dynamik an Action wäerte bidden, an et esou vill méi wäert dozou kommen, dass een dann awer einfach do steet an d'Musek lauschtert.