Et ass keen neien Trend bei de Stare fir hiren eegenen Alkohol ze produzéieren. Beim Post Malone gëtt et awer keen haarden Alkohol, mee Rosé Wäin!

De Ryan Reynolds huet säin Gin, den George Clooney verkeeft Tequila an de 50 Cent mécht grad bei wierklech all Instagram Post Reklamm fir säi Cognac.

Ma de Post Malone geet de méi duusse Wee, wann et ëm Alkohol geet. Hie bréngt nämlech elo eng Rosé-Mark eraus, déi den Numm Maison No. 9 droe wäert.

D'Decisioun fir Rosé ze produzéieren, ass anscheinend gefall, wéi de Post läscht Joer an der Vakanz war. Bei senger Rees duerch d'Provence huet de 24 Joer ale Museker seng Léift fir de mediterrane Lifestyle an natierlech de franséische Rosé entdeckt. Deemno wär de Rosé och sprëtzeg, erfrëschend a lieblech, ganz nom Genre vun de franséische Wäiner.

Am Juni soll et da mam Verkaf vun de Wäiner lassgoen. Et wäert awer wuel kaum domat ze rechne sinn, dass de Wäin och bei eis an d'Geschäfter kënnt.