Nodeems de Weeltzer Festival ofgesot gouf, hunn d'Organisateuren elo schonn eng gutt Nouvelle fir d'Editioun vun 2021.

Fir vill Leit war et eng weider traureg Nouvelle elo an der Coronakris. Och de Weeltzer Festival huet missen ofgesot ginn. Et war déi éischte Kéier, dass een de Festival am Norde misst annuléieren. Och fir d'Organisateure war dat ee schwéiere Schrëtt.

Ma elo ass een ëmsou méi frou, dass ee scho fir direkt zwee Concerten een neien Datum fonnt huet.
Dat ass eemol fir Gipsy Kings an dann och nach fir Mando Diao.

Gipsy Kings - 26.06.2021

Mando Diao - 02.07.2021

Wie schonn Tickete fir ee vun dëse Concerte kaf huet, soll dës dann och gutt versuerge bis nächst Joer. Se bleiwen natierlech gülteg. A wien awer nach keng Ticketen hat, mee sech der wëll besuerge, kann dat um Site vum Weeltzer Festival maachen!