D'Rihanna huet zwar an der lescht net wierklech vill nei Musek erausbruecht, mee dat heescht net, dass et näischt verdéngt.

Op enger frësch publizéierter Lëscht, nämlech der Sunday Times Rich List huet d'Rihanna et direkt op Plaz dräi gepackt. Op dëser Lëscht sinn nämlech all d'Museker aus Groussbritannien oder besser gesot hiert Akommes,  verglach ginn.

Op der éischter Plaz sinn den Andrew Lloyd Webber an de Paul Mc Cartney, déi béid ronn 800 Millioune Pond wäert sinn.
An direkt hannendrun dann d'Badgal Riri. Mat engem Verméige vu 468 Millioune Pond, ass et zwar nach ee gutt Stéck hannert deenen zwee, mee et huet awer dofir Museker wéi den Elton John oder och de Mick Jagger hannert sech gelooss.

De Grond fir esou ee gutt gefëllte Konto ass natierlech net eleng seng Musek. Hatt huet eemol 15% vun den Undeeler bei der franséicher Luxus-Mark LVMH, zu där och Louis Vuitton dozou gehéiert, an dann och nach eemol 15% vun de Parte bei Fenty Beauty. An domat ass hatt dann och déi räichste Musekerin op der ganzer brittescher Insel.