E Méinden den Owend - di beschte Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Linkin Park

Linkin Park ass mat iwwer 130 Millioune verkaafte Placken an 2 Grammy-Awards di erfollegräichste Band aus dem 21. Joerhonnert. Bei Linkin Park geet et awer net nëmmen ëm d'Zuelen - et ass eng vun deene Bands, déi mat hirer Musek eng ganz Generatioun gepräägt hunn.

Den 20. Juli 2017 huet de Frontmann a Sänger Chester Bennington sech d'Liewe geholl. Scho säi ganzt Liewen hat hie mat psychesche Problemer, Drogen- an Alkohol-Konsum ze kämpfen. Laang war et onsécher, wéi an ob et mat Linkin Park weidergeet, viru kuerzem huet de Bassist Dave "Phoenix" Farrell awer an engem Interview confirméiert, datt si un neier Musek schaffe géifen.

Fir iech d'Waardezäit op hire Comeback ze verkierzen, presentéiere mir iech dës Woch an eisem Eldo Live e Linkin-Park-Concert vun 2003, live aus dem Texas Stadium zu Irving. Bei deem Concert ass iwweregens och hiren éischte Live-Album "Live in Texas" entstanen. Mat dobäi sinn ënnert anerem d'Lidder "Somewhere I Belong", "Faint", "From The Inside", "Crawling", "In The End" an natierlech "Numb".

Linkin Park live: E Méinden den Owend vun 20h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App.