Bei enger spezieller Stee kommen ënnert anerem d'Schong vun der verstuerwener Sängerin ënnert den Hummer. Awer och nach ganz aner Saachen.

Dir wollt schonn ëmmer eng handgeschriwwe Versioun vun den Zeile vum U2 Lidd "Where The Streets Have No Name"? Oder e Banjo dee vun de Membere vu Mumford and Sons gespillt gouf? Da muss der Iech bei der One Love Covid-19 Relief Stee umellen!

Do gëtt et eng grouss Usammlung u Géigestänn vu Museker, oder och Erliefnisser déi mat Musek a legendäre Museker verbonne sinn, versteet. Esou zum Beispill och eng Visitt vun de bekannten Abbey Studios, wou d'Beatles hiren eeleften Album "Abbey Road" opgeholl haten. Oder eben e puer Tallekeschong déi déi 2011 verstuerwe Sängerin, Amy Winehouse, un hat.

Ma och eng Rees op d'Jamaika ass dobäi. Do huet de Grënner vum "Island Record" Label, de Chris Blackwell nämlech ee 5 Stären Hotel dee sech "Strawberry Hills" nennt an an de wonnerschéine Blue Mountains vun der jamaikanescher Insel läit.