"Daisies" ass déi éischt Single vum fënnefte Studio-Album vun der amerikanescher Sängerin.

D'Sängerin hat seng Fans elo an der leschter Woch an alle méiglechen Aart a Weisen op de Release vun "Daisies" preparéiert. Sief dat mat engem virtuelle Blummebuttek, oder mam Verspriechen, einfach e puer zoufälleg Zoom-Parties vu senge Fans ze crashen.

Elo ass dann deen éischte Virgeschmaach op säin neien Album do. Wéi schonn ugekënnegt, ass et eng Ballad, an der d'Katy drop ageet, wéi schwéier et heiansdo fir hatt war am Musek-Business an dass een sech allgemeng net soll decouragéiere loosse fir seng Dreem ze verfollegen.

Direkt mat der Single ass dann och ee Video erauskomm. An do weist sech d'Sängerin ganz natierlech, a mat sengem schonn zimmlech ronne Bauch. D'Sängerin erwaart jo säin éischt Kand, zesumme mam Orlando Bloom.
Am Video ass d'Katy Perry mat net gefierftem Usaz, engem einfache Rack a matzen an der Natur. Ganz einfach a schlicht.

Gefilmt gouf de Video iwwregens vum Liza Voloshin, natierlech alles mat engem sécheren Ofstand, esou wéi et aktuell verlaangt ass.