Amplaz nëmmen eng eenzel Single eraus ze bréngen, hunn déi dräi Bridder hir Fans direkt mat zwee neie Songs glécklech gemaach.

D'Jonas Brothers hate schonn ugekënnegt, dass eng nei Single géif erauskommen, an dass et ee Feature mat der kolumbianescher Sängerin Karol G wier.

De 15. Mee um Punkt Mëtternuecht, ass d'Single dann erauskomm. Se nennt sech X, suergt fir Summerfeeling, a mécht Loscht ze danzen. Also alles wat gutt Laun mécht matenee kombinéiert.

Domat awer net genuch, op der EP XV ass net nëmmen de Feature mam Karol G drop. D'Bridder hunn nach direkt eng bësse méi roueg Single dobäi gesat, déi sech "Five More Minutes" nennt. Et ass eng gelonge Kombinatioun: nodeems ee bei der Single X nach wëll danzt, ass Five More Minutes do, fir een nees erofkommen ze loossen.